De Projet


De Projet Vitrum, eng modern an luxuriéis Villa zu Gréiwemaacher, bestécht duerch hiren aussergewéinlechen Design an hir eenzegaarteg Kombinatioun aus nohaltegen Materialien, déi héchsten Standarde erfëllen.

Harmonesch an ökologesch gëtt hei Neies mat Bestoendem verbonnen an eng eenzegaarteg Symbiose vun Holz, Glas an Bëtong geschaaft. De Projet gëtt Iech ugebueden vun RS Promotions an Zesummenaarbecht mat New Home Real Estate, FAT Architects an engem weltwäiten Leader am Holzbau, der schwaizer Firma Blumer & Lehmann AG (http://www.blumer-lehmann.ch).

Loosst Iech déi nofolgend interaktiv 360-Panorama-Vue net entgoen an fannt mei iwwert de Projet an eiser Broschür oder kommt eis besichen an der Staad oder zu Waasserbëlleg.

Projekt

Äert Draamhaus

Vitrum kombinéiert ee perfekten Standuert an hell Zëmmeren mat ganz vill Raum vir Är Dreem ze realiséieren. Dier wäert frou an stolz sinn déi wonnerschéin Panoramavue iwwer Gréiwemaacher mat Ärer Famill an Ären Frënn deelen ze kennen.

Projekt

Déi perfekt Staad vir Är neit Doheem

De Projet Vitrum ass zu Gréiwemaacher situéiert an bitt eng Villzuel un Avantagen. Dozou gehéieren ënner anerem kuerz Wee’er bis op Treier oder an d’Staad Lëtzebuerg, eng gutt Ubannung un den ëffentlechen Transport, eng wonnerschéin Landschaft an onzieleg Kultur- an Fräizäitveräiner. Gréiwemaacher bitt Iech Schoulen, Muséeë, ee Kino an eng ëffentlech Piscine.

Projekt

Vitrum


Duerch d’Notzen vun erneierbaren Ressourcen, engem natierlechen Raumklima an kompromëssloser Ästhetik erfëllt dësen wonnerschéinen Projet iwwer 3 Stäck déi héchsten Standarde. Matt senger natierlecher Eleganz gëtt Iech Luxus an een eenzegaarteg Wunngefill an engem vun deenen neisten an rouegsten Deeler vun Gréiwemaacher ugebueden. De Projet Vitrum ass mat gréisster Suergfalt geplangt ginn an bitt Iech e Maximum un Privatsphäre.

360-Grad-Siicht


Klickt an d’Bild an maacht een Tour duerch Är zukünfteg Doheem!

Position


Vitrum offréiert Iech d’Méiglechkeet d’Sonn vun Ärer Terrasse ze genéissen, déi direkt vum Living accessibel ass. Grouss Fënsteren loossen ganz vill Liicht eran an verwinnen Iech mat enger aussergewéinlecher Vue um ganzen éischten Stack. Den Holzdaach vun Vitrum ass schlussendlech dat architektonesch Highlight vum Projet.

Projekt
Projekt
Projekt
Projekt

Kontakt


37ab, route de Luxembourg
L-6633 Wasserbillig

Heures d'ouverture:
09h00 - 18h00